Offiziell ass et nach relativ wéineg wat d'Fans un Informatiounen zu den neien Konsole kréien, allerdéngs rumouert et op Twitter.

Wat vill Gamer am Moment wëllen, sinn Informatiounen iwwert déi néi Konsolen PS4 Neo an d’Scorpio vu Microsoft. Wéineg bis näischt ass bis ewell awer gewosst, sou dass d’Fans informatiounstechnesch mat eidelen Täschen do stinn.. Wier do net Twitter an seng „Gerüchteküche“. Wat et fir Infoen ginn, déi als mol guer net sou onwahrscheinlech ugesi ginn, seet iech den David Winter elo an der neister Editioun vum Highscore.

Net fir déi éischte Kéier huet eis den Twitter-User „is a parrot“ mat neien Rumeuren an och deels Fakten aus der Videospill-Welt begléckt… Neist Informatiounen déi getwittert goufen dréien sech ëm déi nei Sony a Microsoft-Konsolen. Duebel sou séier wéi d’PS4 soll Playstation 4 Neo jo ginn, allerdéngs géifen et zwou verschidden Varianten ginn, tëscht deenen Sony elo ënnerscheeden muss.

Déi éischt Variant hätt eng Jaguar-CPU, soll ronn 4,2 Teraflop Leeschtung hunn an kéim fir 399€ op de Marché. Déi 2. Variant géif 100 Euro méi kaschten, soll awer dann schonn 5,5 Teraflop Recheleeschtung hunn. Dobäi kënnt, dass dëse Modell dann erëm mat engem externen Netzdeel misst verkaaft ginn. Op alle Fall wäert zum Schluss eng Optioun iwwreg bléiwen. D’Konsol soll Enn 2016 oder am éischte Véierel 2017, wahrscheinlech Mäerz ze kafen sinn.

Iwwregens gëtt ënnerstrach, dass Sony dës zwou Optioune-Strategie net eréischt fiert, nodeems Microsoft seng Scorpio annoncéiert huet. Dës Formule wier schonn méi laang sou geplangt, heescht et aus Japan.

Allerdéngs ass Microsoft, an dat gesäit een och bei Sony, e gutt Stéck de Kollegen a Punkto Presentatioun viraus, well d’Scorpio gouf schonn mol op der E3 dëst Joer presentéiert, oder op alle Fall mol d’Konzept dovunner. Hei géif een bei souguer 6 Teraflop Leeschtung léien, wat also reng um Pabeier, schonn méi Power wier, wéi déi mi staark Versioun vun der NEO. Wéi et op Twitter heescht, soll Sony sech iwwerrascht iwwert dëse Fait gewisen hunn.

Sony huet bis ewell just offiziell konfirméiert, dass et eng Neo-Konsol gëtt. Et sollen dëst Joer nach Infoen ginn, et weess een bei Sony anscheinend awer nach net, op wéi enger europäescher Foire een nei Annoncementer maache wëll.