Den Automobile Club Lëtzebuerg wëll seng Equipe verstäerken a sicht dofir nei Mataarbechter.

Gesicht ginn nei Mataarbechter fir den Traffik Info op Freelance Basis.
Deng Responsabilitéiten :

  • Traffik News nosichen, kontrolléieren an a Form setzen
  • Infoe live op de Radiostatiounen duerchginn
  • Uriff entgéint huelen an Infoen un d’Automobiliste weiderginn
  • Infoen un auslännesch Automobil-Clibb, un d’GPS-Marken an un ons Memberen schécken
  • Infoe mat Hëllef vun onsen interne Systemer un d’Medie weiderginn
  • D’Rubrik "Trafic Info" up acl.lu verwalten
  • D’Ufroe vun onse Memberen iwwer déi nei Medien (Facebook, Twitter, LinkedIn …) beäntweren
  • Permanent Recherche vun alle wichtegen an intressant Informatiounen iwwer sämtlech Facette vun der Mobilitéit

Däi Profil :

  • Gutt Wëssen an der Geographie
  • Gutt Kenntnisser vum lëtzebuerger Stroossenetz
  • Éischt Erfarungen hannert dem Mikro si vu Virdeel
  • Liichtegkeet am Kontakt mat de Medien, de Mënschen, de Verwaltungen an den Traffik-Melder
  • Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
  • Beherrschen vun der gängeger Computersoftware, Fäegkeet mat den internen Tools ze schaffen
  • Gutt Sproochtechnik, Diskretioun, Flexibilitéit wat d‘Schaffzäiten ugeet, Bereetschaft (eventuell Weekend) an Equipegeescht

Wanns du dech ugesprach fills a  Loscht op eng ofwiesslungsräich Aarbecht an enger flotter Equipe, da schécke däi CV an deng Lettre de motivation un:

ACL -Service Resources Humaines
54, route de Longwy
L-8080 Bertrange

Oder per Mail un recrutement@acl.lu.