D’Nu-Metal-Band Disturbed huet e Simon & Garfunkel Hit vu 1964 gecovert a Succès domat. Dobäi gouf et an de leschte Jore ëmmer nees Coverversiounen.

An de leschte Joren gouf den Hit "The Sound of Silence", deen am Original vum Duo Simon & Garfunkel am Joer 1964 eraus bruecht gouf, ëmmer nees gecovert. Si schreiwen, et hätt besser Versioune ginn. Da kucke mir eis déi elo mol un:

Fänke mir mam britesche Museker James Blake un. Deen huet eng Dubstep-Versioun dozou produzéiert. Mat Synthie-Uergel an dem Sound vum Reen:

Da gëtt et eng Reggae Versioun vum Song. Sonn, eppes Klenges fëmmen a sech gären hunn, an dobäi dës klassesch Beats lauschtren?

Alles ze roueg? Da kinnt d’Punk-Versioun eppes fir Iech sinn:

Naja, do klengt d’Versioun vun The Disturbed awer besser..

Ëmmer nees am Trend, sinn am Summer d’Spuenesch Lidder. Eng spuenesch Versioun vun “The Sound of Silence” gëtt et natierlech och.

Da gëtt et natierlech och nach eng Metal-Versioun.