Vun e Sonndeg un kritt den TGV EST-Européen nei Linne bei, déi och interessant fir Passagéier aus dem Grand-Duché kéinte sinn.

E Sonndeg gëtt et a Punkto Eisebunn fir d’EU, an och zu groussen Deeler fir Lëtzebuerg eng gréisser Neierung. De Weekend geet nämlech offiziell déi nei Zuchlinn TGV Est-Européen fir d’Passagéier op.

Beim TGV Est-Européen geet et an sech ëm d’Zuchlinn vu Paräis iwwert Metz op Stroossbuerg, déi am Joer 2007 ageweit schonn gouf. Elo ass et awer sou dass an enger zweeter Phase d’Linne souzesoen mat dëser neier Piste ausgebaut gouf. Den Mike van Kauvenbergh vun der CFL.

Wéi gesot fueren och fir Lëtzebuerg déi éischten TGV’en dëse Sonndeg 3. Juli fir déi éischte Kéier un. An enger éischter Phase wäerten et 2 Zich ginn, déi dann wäerten pro Dag fueren.

Wann ee bis op Mulhouse fiert kann een souguer do ëmsteigen a wieder bis op Zürech fueren, dat an nëmmen 4 Stonne vu Lëtzebuerg aus. Natierlech wäerten et dofir och nei TGV’en ginn, déi dës Strecken da fueren wäerten.

Iwwregens ass een vu Lëtzebuerg zu Stroossbuerg an nëmmen 1 Stonn 40 Minutten. Zu Montpellier ass een an gutt 7 Stonnen 30 Minutten.