Wikinger, Nimm déi mat -son ophalen a Natur wou d'A hikucke kann... Hei eng Rei Fakten déi villäicht nach net sou bekannt iwwert den "EM-Liebling" sinn.

Spéitstens nodeems se England aus der EM gehäit hunn, misst och deem leschten op jiddwerfalls bewosst sinn, dass déi mol guer net sou schlecht Fussball spillen. Niewebäi gesoot, sinn si jo och de Grond, dass Holland net mat op der EM dobäi ass dëst Joer. Richteg spektakulär ass dëst jo virun allem, wann ee bedenkt dass nëmme knapp iwwer 300.000 Leit op dëser Insel wunnen.

Direkt ugefaangen mat engem positive Fakt… Och wann Island bei munche Leit d’Bild vun engem Wikingervollek am Kapp ervirrifft, sinn dës wéi et schéngt awer alles anescht wéi gewalttäteg… Kuckt deen de "Global Peace Index", ass Island souguer dat friddlechste Land vun der Welt. E Land, wou d’Polizisten mol keng Pistoulen, mee just Pefferspray an Gummisknëppele mat sech droen.

D’Awunnerzuel vun 323.000 léisst eist Lëtzebuerg mat sengen 543.200 Awunner jo scho bal als Gigant niewendrun erschéngen. Iwwregens gëtt et méi Schof an Island wéi Awunner, an iwwer 10 mol méi sougenannte Papageiendaucher op der Insel.

An Island ass et dann, wéi a ville skandinaveschen Géigenden, am Summer vill méi laang hell an am Wanter méi laang däischter wéi bei eis. Am Juni kann et sou bis zu 22 Stonnen um Stéck hell bleiwen am Dezember sinn et der knapp 4.

Dann sinn d’Islänner net nëmmen fir hir speziell Musek bekannt, hei wieren d’Björk oder Sigur Ross ze ënnersträichen, mee och vir hir, wierklech speziell Iesskultur. Do kritt een schonn mol fermentéierten, also quasi vergammelten Hai, agekachten Schoofskapp, Ochsenhoden séiss-sauer oder Robbefleesch zerwéiert.

Wann der d’Wieder an Island net gär hutt, da waart einfach 5 Minutten… sou en islännescht Spréchwuert. Opgrond vum Golfstroum an der nërdlecher Lag vun der Insel, changéiert d’Klima nämlech zimlech oft. Allerdéngs ginn et och am August kaum iwwer 12 Grad waarm, also näischt fir Leit déi d’Keelt net gär hunn.

Island huet e Fraendag… Jo schéin seet een sech do, gëtt et jo zënter eng Zäit iwwerall. Mee an Island réieren d’Fraen deen Dag wuertwiertlech kee Fanger. Dat huet als Konsequenz, dass deen Dag näischt an Island leeft, well d’Männer alles erleedegen mussen an dofir och deen Dag net op hir Aarbechtsplaz ginn.

Iwwregens geet och op der Strooss alles méi gemittlech, och wann net Fraendag ass. Hei ass nämlech iwwerall Tempolimit 90… Jo Iwwerall. D’Doudesaffer op de Stroossen sinn logescherweis seelen: 2,8 Verkéiersdoudeger op 100.000 Leit, do sinn nëmmen d’Maldiven, Mikronesien a San Marino besser. Lëtzebuerg läit bei 6,3 Doudeger op 100.000 Leit.