Trotz Brexit leeft dee bekanntsten Tennistournoi a Groussbritannien grad hei zu London

D’Auswierkungen vum Brexit Referendum sinn hei a Groussbritannien nach ëmmer staark ze spieren a vill Brite fält et schwéier einfach esou weider ze maache wéi virun. De britesche Credo “Keep calm and carry on” ass schwéier emzesetzen, wann ee weess, dass engem säi Liewen sech an den nächste Méint grondleeënd ännere wäert. Zum Gléck gëtt et awer elo nees een Evenement hei zu London, dat vir kuerzfristeg Oflenkung suerge wäert. Riets ass vun de Briten hirem Lieblingstennistournoi Wimbledon.

Lauschtert hei de Reportage:

Den Who is Who vun der international Tennisszeen trefft sech am Moment am Südweste vu London vir dem Novak Djokovic an dem Serena Williams hiren Titel ofzehuelen a bal 2 Millioune Pond Präisgeld ze gewannen. Vir vill Leit méi interessant ewéi den Tennis, sinn awer déi vill komesch Regelen, déi et um hellege Wues vu Wimbledon ginn. Esou muss een als Spiller zum Beispill komplett, vum Kapp bis béi d’Schongsuel, wäiss ugedoe sinn. Och als Spectateur dierf een net egalwéi eran. Wee mat knaschtege Schong oder futtissen Jeans kennt, däerf net eran, net emol, wann een ee vun den deiersten Ticketen déi 12,000 Euro d’Stéck kaschten, kaf huet.

Den traditionellen Wimbledonsnack sinn dann Äerdbieren mat Schlagsahn. Déi kommen esou gutt un, dass, innerhalb vun 13 Spilldeeg, all Joer 24 Tonnen Äerdbieren just zu Wimbledon giess ginn. Vir d’alleréischte Kéier gëtt et dann dëst Joer och en Tournoi vir Tennisspiller, déi am Rollstull setzen. Sämtlech Finale fannen dann nächste Weekend statt a gi live op der Telé iwwerdroen. Vir Lëtzebuerg sinn dëst Joer iwwregens de Gilles Muller an d’Mandy Minella mat derbäi.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter