De Risk aarm ze ginn klëmmt an der EU. Och an Däitschland sinn d'Zuelen an der läscht no uewe gaangen, weisen d'Zuelen vun Eurostat.

Eigentlech ass d’Zil vun der EU, d‘Zuel vun de Mënschen déi riskéieren an d’Aarmut ze falen, bis 2020 däitlech ze reduzéieren. Ma wéi d’Zuelen vun Eurostat weisen ass een vun deem Zil awer wäit ewech.
2010 waren 23,8 Prozent vun den EU-Bierger vun Aarmut oder sozialer Ausgrenzung menacéiert. 2014 loung den Taux entretemps bei 24,4 Prozent. Dat sinn 122 Millioune Mënschen an der EU déi do betraff wieren.

A punkto Länner ginn et och Ënnerscheeder: a ville Länner sinn déi sozial Ënnerscheeder méi grouss ginn wéi zum Beispill a Griicheland, Spuenien an och an Däitschland. Groussbritannien läit ënnert der EU-Moyenne, mä mam Brexit ginn Experten dovunner aus datt de Chômagetaux an d’Lut wäert goen.
Island ass do awer d’Ausnahm: nëmmen 11 Prozent vun den Islänner musse sech Suerge maachen ëm hir wirtschaftlech Situatioun. Island huet iwwregens d’lescht Joer seng Demande fir an d’EU ze kommen, zeréckgezunn.

Lauschtert hei de Reportage aus der MorningShowXL: