Eng Etude an 22 Länner huet heizou 27.000 Persounen befrot. D'Fro war: "Wëll ech ëmmer an iwwerall erreechbar sinn?".

D’Äntwert: 42 % vun allen Befrotene soen hei kloer "Jo". 16 % nëmmen "Nee".

Dobäi huet een eraus fonnt, dass et virun allem Persounen am Alter tëscht 30 an 39 sinn, déi andauernd wëllen erreechbar sinn. Bal d'Halschent haten hei der Ausso zougestëmmt. Bei 20 -29 Järegen an Teenager sinn et der ëm déi 45 %.

Also ass d'Viruerteel, dass Jonker ëmmer mat der Nues widdert dem Smartphone pechen villäicht net sou wouer oder op mannst kann ee soen dat déi aner Alterskategorien, och déi méi eeler, hei net vill besser sinn.

Bei deene Jonke sinn et dann Apps wei Whatsapp oder Snapchat, déi immens beléift sinn.

Déi Länner wou een d'Accessibilitéit schätzt si China, Tierkei a Russland. Aner Länner wéi Schweden, Holland, Däitschland, Japan a Kanada gesinn di stänneg Connectivitéit als niewesächlech.

Bei de Geschlechter gesäit et guer net sou anescht aus wéi ee vläicht géing mengen. Fraen hunn der Ausso just ëm 3 Prozentpunkte méi zougestëmmt wéi d'Männer (43% Fraen an 40% Männer). Beim "Nee" ass den Ënnerscheed nach méi kleng a läit am Duerchschnëtt bei 10 %.

En hëllefräichen Tipp fir vläit den Tick lass ze ginn, kënnt aus den USA. Hei ass den Ament e ganz intressant Challenge am Ëmlaf. An zwar gëtt während der Mëttespaus jidderengem säin Handy an d'Mëtt vum Iessdësch geluet. Ween als éischt zum Smartphone gräift, huet verluer a muss jidderengem säin Iesse bezuelen. Hëlt jiddereen et aus da bezilt jiddereen seng Molzecht selwer.