Wat maache wann den Handy erofgefall, den Display futti, oder den Handy naass ginn ass?

  • Séier ass et geschitt: Den Handy kënnt a Kontakt mat Waasser. Besonnesch Smartphones sinn do extrem ufälleg. Hei heescht et séier reagéieren. Sim, SD Kaart an Akku sollt een sou séier wéi méiglech eraushuelen. Dann dat onsiichtbart Waasser oftuppen an dann de Smartphone eng 48 Stonnen an e Beidel mat Räis leeën. Dat zitt Fiichtegkeet eraus. Mat e bëssi… oder éischter ganz vill Gléck, leeft d’Maschinn dono nees.

  • Den Display ass zerkraatzt? Do ass net méi vill ze maachen. Och wann et ëmständlech ass, Displayfolien hëllefe. Bei der nächster Kéier benotzen. Soss kann ee fir scho bëllegt Geld och a spezialiséierte Geschäfter säin Display wiesselen.

  • Ären Handy, besonnesch är Apps si lues? Abee dann heescht et séier läschen. Dat ass leider dat eenzegt wat hëlleft. Alleng doduerch kann d’Performance vun den Apps verbessert ginn.