Duerch Dating Apps wéi Tinder a Badoo ass d'Sich nom Partner op sozialen Netzwierker ëmmer méi iwwerflächlech ginn. Dowéinst hei e puer Tipps.

Fir dat d'Profilbild geléngt ginn et 6 ganz einfach Tricker:

1. Sieft de Mëttelpunkt vun ärer Foto. Am beschte keng aner Frënn, Déieren oder Puppelcher mat op d'Profilfoto huele well se suerge fir Konfusioun. Och Frënn lenke vum eegentlechen of an wann des na besser wéi ee selwer ausgesi gëtt d Partnersich na mi schwéier.

2. Gidd virun d'Dier. Verstoppt ärch net doheem. Och wann et reent

3. Drot äeren Lieblingsoutfit. Fillt ärch wuel an ärer Kleedung. Et bréngt näischt sech an en deiert Kleed eranzezwénge wat viläit engem seng Figur betount, mee schrecklech onkomfortabel wierkt. Bei Männer d selwecht et mussen net ëmmer di neisten an deierste Kleeder sinn.

4. Huelt roueg Hëllefsmëttel mat op d'Bild. Ween net op senger Profilfoto well ausgesi wie bestallt an net ofgeholl ka roueg e neutrale Géigestand an de Grapp huelen. Am beschten Zigaretten oder d'Fläsch Wodka awer evitéieren.

5. Et soll faarweg sinn. Traut ärch eppes Faarweges unzedoen oder stellt ärch virun e knallegen Hannergrond. Mä oppassen dat dier net ze vill am Hannergrond verschwannt.

6. Sieft gutt drop. Eng ze melancholesch Pose kennt net sou gutt un. Wann der e glécklechen a gutt gelaunte Mënsch sidd da weist dat och roueg.

A wann der Ärch all d'Tipps zu Häerzen huelt dann ass déi perfekt Profilfoto nëmmen nach e Klick ewech.

Fir des Tipps an engem kuerze Saz ze resüméieren. „Am beschten deet een sech fir d'Profilfoto sou un wéi wann ee gläich sengem Ex-Partner iwwert de Wee leeft.“

Lauschtert hei de Reportage: