Eng 180-Grad Kéier schéngt d’EU-Komissioun am Ceta-Accord gemaach ze hunn. National Parlamenter solle lo awer mat iwwert den Accord ofstëmmen kënnen.

National Parlamenter sollen iwwert d’Fräihandelsofkommes (Ceta) mat Kanada mat entscheede kënnen, dat huet d’EU-Komissioun haut zu Stroossbuerg decidéiert. Wat nawell eng Iwwerraschung ass well de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker d'lescht Woch um EU-Sommet nach sot dat d’Ofkommes en rengen EU-Accord wier, iwwert dee just d’EU-Parlament dierft ofstëmmen.

D'Decisioun gëtt awer als kritesch ageschat, well jo d'Ëffentlechkeet sech ëmmer nees géint dëse wéi och den TTIP-Accord mat den USA gestäipt hat. Béid Accorde solle jo fir e Wuesstem am Handel mat der Nordamerika suergen. Et géif een awer fäerten dat sou EU-Standarde géingen erofgesat ginn.

D’Ofkommes soll während engem Sommet tëscht der EU a Kanada am Oktober ratifizéiert ginn.