Grondsätzlech gëllt: Et muss een d'Erlaabnis vun der Persoun hunn, deem seng Foto een Posten well. Verschidden Ausnahmen ginn et allerdéngs...

Be-Secure huet nämlech elo e speziellen Dossier erausbruecht iwwert dëse Sujet, dat, well vill Leit praktesch keng Ahnung iwwert hir Rechter hunn.  An där huet een a Punkto Fotoen an Internet.

Wann een also net well dass eppes vun engem Online publizéiert gëtt, huet een generell d’Recht ze verlaangen, dass déi Foto erëm erof geholl gëtt. Mee ëmgekéiert ass och gefuer, sou d’Yolande Roller vun Be-Secure a securitymadein.lu.

Sollt eng Persoun eng Foto net erofhuelen, obwuel een ausdrécklech gesot huet, dass een dat net well, muss een aner Schrëtt aleeden.

Eenzegen Ënnerscheed ass wann een eng Foto an der Ëffentlechkeet mëscht. Soulaang een net de Mëttelpunkt vun der Foto ass, muss een sech bewosst sinn, dass wann een op enger ëffentlecher Plaz geknipst gëtt, muss domatter liewen.

Allerdéngs huet Facebook zum Beispill d’Lizenz op de Fotoen déi een op hire Site Post, och wann dat net d’Recht op d’Foto ass.

D’Konditiounen an d’Privat-Astellungen sollen natierlech dohier och ëmmer ganz genee studéiert ginn, fir net duerno béis Iwwerraschungen ze kréien.