D´Lisa studéiert zu Berlin. All zwou Wochen erzielt hatt eis, wat hat an der Grouss Stad esou erlieft. Zesumme kenne mir mat him d´City Hotspots entdecken.

Vum 28. Juni bis den 1. Juli huet sech zu Berlin déi international Moude-Elitt versammelt. Op Foiren a ganz villen Evenementer goufen nei Trends an Innovatioune vun Designer gewisen. Nieft de Foiren, déi allerdéngs nëmme fir d’Prominenz reservéiert sinn, ginn et dann och eng Rei Presentatiounen, déi fir jiddereen deen interesséiert ass, bestëmmt sinn. Sou zum Beispill an der Concept-Mall Bikini Berlin. Do stoung des Joer déi skandinavesch Moud am Fokus. 15 verschidden Designer aus Länner wéi Norwegen, Island a Schweden ware bei der Expositioun mat dobäi.

De Shoppingzenter am westlechen Zentrum vun der Stad ass ëmmer oppe fir innovativ Produiten a bitt nieft Geschäfter fir Technik a Moud och temporär Pop-Up Stores un.

Méi am Audio-Bäitrag:

© Lisa Konzem

© Lisa Konzem

© Lisa Konzem