Souwuel e Projet iwwer Sony wéi och iwwer Nintendo sollen iwwer Kickstarter finanzéiert ginn. Een gouf allerdéngs fréizäiteg elo op en Enn bruecht...

Direkt ugefaangen mam UN-Mënscherechts-Conseil, déi hunn nämlech d’lescht Woch op eng Resolutioun gëeenegt, déi sech ëm d'Bedeitung vum Internet an eiser moderner Zäit bezitt. Méi genee geet et ëm de Schutz, d’Entfalen an d’Verbreedung vun de Mënscherechter am Internet. De Rot betount nämlech, dass ganz grondleeënd Rechter wéi d’Informatiouns- an Meenungsfräiheet oder d’Privatsphäre genee sou am Internet wéi an der Realitéit gëllen. Weider veruerteelt de Rot all Mesure, déi den Internetzougank oder d’Verbreedung vun Informatiounen stéieren oder blockéieren well.

Eriwwer dann erëm op Themen déi sech dann mi konkret ëm d’Videospill-Welt dréien. Neies, oder besser gesot näischt Neies a Punkto Nintendo NX. Net nëmmen dass op der E3 näischt gewisen gouf, mee och op der Tokyo Game Show wäert Nintendo net präsent sinn. Eppes dat elo nach denkbar wier, wär eng eege Presentatioun fir d’NX, sollt Nintendo sech nach dëst Joer decidéieren, eppes vun hirer neier Konsole Präis ze ginn. D’Konsole soll jo am Fréijoer 2017 erauskommen.

From Bedroom to Billions: The Playstation Revolutioun heescht e neien Documentaire, an deem et, wéi de Numm et schonn undeit, ëm d’Geschicht vun der Playstation-Konsole geet. Dat ganzt gouf als Campagne op Kickstarter lancéiert, well 50.000 Pond ginn fir de Projet gebraucht. Am Moment huet een schonn 20.000 Pond zesummekritt. Virun dësem Documentaire hunn d’Produzenten iwwregens en Documentaire iwwert den AMIGA publizéiert.

Déi eng kommen hirem Zil op Kickstarter ëmmer méi no, di aner kommen mol net dozou hire Projet iwwerhaapt iwwer Kickstarter lafen ze loossen. Fir d’Nintendo-Fans sollt nämlech e 400 Säiten decke Band iwwert d’NES erauskommen. Mat Biller,Texter, Geschicht an allem wat een sech sou wënscht. Allerdéngs gouf d’Rechnung ouni Nintendo gemaach, well déi hunn d’Campagne elo op Kickstarter ënnerbrach, well d’Mark Nintendo géif onerlaabt benotzt ginn. Am Januar sollt d’Buch, fir dat schonn iwwer 200.000 Dollar gesammelt gouf, an sech op de Marché kommen… Dorausser gëtt elo wuel näischt…