En hält just genau 2 Deeg un, de Summer zu Lëtzebuerg.

Ganz Lëtzebuerg freet sech op de bis elo wäermste Weekend vum Joer 2016. Leider bleift et bis op weideres och mol just dëse Weekend gutt.

E Samschden kënnt schonn schéin d'Sonn eraus. Am Nomëtteg zéien zwar e puer Wolleken op, et bleift awer dréchen. Bis 25 Grad si méiglech.
E Sonnden bleift et nieft e puer Schéin-Wieder-Wolleke gutt! Et gëtt richteg sonneg a warem mat bis ëm 30 Grad. Am Nomëtteg an Owend ass lokal mol en Donnerwieder méiglech.

Dann war et dat schonn nees mam gudde Wieder. Vun e Méinden u gewënnt en Déifdrockgebitt un Afloss. Heescht am Kloertext: et gëtt nees méi onbestänneg a vun e Méinden un och nees méi kill!

Et heescht also PROFITÉIEREN!

Lauschtert hei de ganzen Interview mat der Chefin vum lëtzebuerger Wiederdéngscht, dem Martina Reckwerth: