Dëse Summer ginn et nees eng Rei nei Musicals hei zu London, déi een sech ukucke sollt!

London kann een jo ouni Zweiwel als d’Musicalhaaptstadt vun Europa bezeechnen. Dosenden Seancë lafen hei all Dag, vu Klassiker ewéi dem Phantom der Oper oder Les Misérables, bis hin zu méi rezente Wierker ewéi zum Beispill dem Book of Mormon. All Summer nees ginn et nei Shows, déi et hei am Westend packe wëllen an do stiechen am Moment virun allem 3 Musicals eraus.

Lauschtert hei de Reportage:

No dem enorme Succès vum Lion King, war et wuel just eng Fro vun der Zäit, bis Disney och seng aner Filmer als Musical realiséiert. Säit neistem kann een dohier den Hitfilm aus den Nonzeger Aladdin hei zu London op der Bühn gesinn. Mat ville gudde Kritike, virun allem vir den Genie, ass dës Show anscheinend definitiv e Besuch wäert.

Aladdin

Als nächst kennt dann e weidere Film mat nostalgiewert op d’Bühn hei zu London. De Schnulzfilm “The Bodyguard”, deen d’Whitney Housten mat “I will always love you” zum Megastar gemeet huet, kennt nees zréck. No ausverkaafte Seancë a grandiose Kritiken d’läscht Joer, kann een sech dat Ganzt da bis Ufank 2017 namol ukucke.

The Bodyguard

Schlussendlech kennt dann dëse Summer och nach eng eemoleg Show iwwert dem Nelson Mandela säi Liewen hei op London. Während just 4 Deeg Enn August, kann een d’Steck mam einfachen Numm Mandela, dat Deels Musical, deels Oper ass, hei an der britescher Haaptstad gesinn. Ween derbäi well sinn, muss sech bäi maachen, well d’Tickete si schonn bal all ausverkaaft an am Moment ginn et keng Pläng vir weider Seancë ofzehalen.

Nelson Mandela

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter