Ob Affer vu Mobbing, Sexting oder Leit mat familiäre schwierege Situatiounen. All dës fannen en Uspriechpartner beim KJT.

De Kanner a Jugend Telefon ass eng Hotline déi speziell fir Kanner, Jugendlecher wéi och jonk Erwuessener an d'Liewe geruff gouf fir dësen a schwéiere Situatioune kënne mat engem gudde Rot oder engem oppenen Ouer zur Säit ze stoen.

Well dacks traut een sech net iwwer des Problemer e schwätzen. Ville Kanner ass et peinlech an sou entscheet des sech dacks hir Problemer fir sech ze halen. Dat dat awer ganz schlecht Auswierkungen op engem säi Liewen an säi mentalen Zoustand kann hunn wësse vill Jonken net.

Zanter méi wéi 10 Joer gëtt et och schonn d’Online Help. De Virdeel sech online beim Service ze mellen ass dat een der Online Help zu all Zäitpunkt schreiwe kann.

De KJT ereecht een ënnert dem 116 111 oder kjt.lu. De service geet op Däitsch, Franséisch, Lëtzebuergesch an neierdéngs och op Englesch.

Lauschtert hei: