Wéinst Kaméidi, awer och wéinst Kläppereien huet d'Police no der EM-Finale missen 60 mol agräifen

Am ganze Land  war d’Police an der Nuecht an Zesummenhang mat der EM-Finale am Asaz. Tëscht 20h an 3h hunn d’Beamten iwwer 60 mol missen agräifen.  Dobäi goung et vun Kaméidi op ëffentleche Plazen bis hinn zu Kläppereien.

Zu Déifferdeng an zu Esch gouf e Freedefeier op der Strooss ugefangen op der Gare hunn Leit mat Steng op d’Police geheit an d’Beamten mat der Fauscht an d‘Gesiicht geschloen. 3 Persounen goufe festgeholl an hunn d’Nuecht um Policebüro verbruecht.

Bei de Public Viewings dogéint goufen keng gréisser Problemer gemellt.
Um Glacis gouf et just ee kléngen Tëschefall. Ee Mann deen ee Messer dobäi hat, wollt an d’Public Viewing Zone era kommen. D'Sécherheetspersonal huet de Mann un d’Police ausgeliwwert