Di britesch Inneministesch Theresa May ass lo di eenzeg Kandidatin fir d'Successioun vum Premier David Cameron a Groussbritannien

An der Course ëm d’Successioun vum britesche Premier David Cameron huet d’Andrea Leadson lo d’Handduch geheit.

Deemno ass di britesch Inneministesch Theresa May di eenzeg Kandidatin fir dee Posten a kéint deemno nei britesch Premier Ministesch ginn.

Den David Cameron wëllt jo nach bis Oktober op sengem Posten bleiwen