Zu Donkels gouf ee Mataarbechter vu Ponts & Chaussées vun engem Gefier blesséiert, wéi hien ënnert des geroden ass...

Accident géint 13h45 dëse Méindeg um CR 309 bei Donkels. Een Aarbechter vu Ponts & Chaussées deen amgaang war Marquagen op d’Strooss ze zeechnen, ass do ënnert eng Aarbechtsmaschinn geroden.

De Rettungshelikopter ass op der Plaz fir den Onglécklechen an d’Klinik ze fléien.D‘ Strooss war dann och eng Zäit laang fir den Traffik gespaart.