Och am neie Joer duerf pénktlech mam Start vum Dschungelcamp, d'Eldo-Eekelcamp an der Morningshow net feelen!

Pénktlech zum Start vun "Ich bin ein Star, holt mich hier raus" op der däitscher Televisioun (RTL) start och an der Morningshow

d'Eekelcamp 2020 - International Edition

Prinzip vum Spill:

All Moien erkläert den Andy den Nolauschterer d'Aufgab vum Dag drop! Wann dir den Dag drop moies d'Challenge beim Andy an der Morningshow untriede wëllt, da schéckt eng SMS mam Stéchwuert "Eekelcamp" op de 62456 (50ct/SMS). Rifft den Andy iech zeréck, sidd dir den Dag duerno live bei eis am Studio mat dobäi!

Vue dass d'Eekelcamp dëst Joer eng "International Edition" ass, wäerten d'Aufgaben all Dag aus engem anere Land kommen, esou wéi Zypern, Schweden, China & Co.

Ze gewanne ginn et nieft dem Eldo-Chiko, Morningshow-Taassen och Tickete fir Baler, Concerten & aner Iwwerraschungen! An natierlech d'Éier d'Eekelcamp 2020 gepackt ze hunn!

Held vum Eekelcamp 2020:

Wien net nëmmen eng Challenge vum Eekelcamp packe wëll, mee den Held vum Eekelcamp 2020 wëll ginn, dee ka sech elo schonn umelle mam Stéchwuert "Eekelcamp Held" fir déi lescht a gréissten Challenge, déi d'Eekelcamp je gesinn huet! Freides, de 24. Januar wäert den Andy e kulinarescht Highlight vun der Geschicht vum Eekelcamp zerwéieren: Surströmming - eng schwedesch Fëschspezialitéit!

Mellt iech elo scho fir déi ultimativ Fësch-Challenge via SMS mam Stéchwuert "Eekelcamp Held" op de 62456 (50ct/SMS) un & gitt den Held vum Eekelcamp 2020!

Challenge 1/10: "Taiwan-Mango"

Challenge 2/10: "Aphrodite's Secret"

Challenge 3/10: "Viva Mexico"

Challenge 4/10: "HOT HOT HOT"

Challenge 5/10: "Whamageddon"

Challenge 6/10: "Kazen-Chili"

Challenge 7/10: "Krabbel-Spezial"

Challenge 8/10: "Kale Kaffi"

Challenge 9/10: "Den Andy grillt"

Challenge 10/10: "Surströmming"