Zejoert ass de Kanner-Jugendtelefon 1.618 Mol kontaktéiert ginn, esou dacks wéi nach ni virdrun. U wat kéint dat leien a wat sinn d'Suerge vun de Jonken?

2018 sinn am Ganzen 1.618 Ufroe beim Kanner-Jugendtelefon agaangen. Dat sinn der esou vill wéi nach ni.

An dat huet verschidde Grënn, seet d’Barbara Gorges-Wagner, Chargé de Direction beim Kanner-Jugendtelefon:

Ob déi Jonk sech hautdesdaags vläicht och einfach méi traue fir iwwert hir Problemer ze schwätzen, kéint ee sou net soen. Dem Barbara Gorges-Wagner no wier d’Offer, dass een anonym a vertraulech iwwert seng Problemer schwätze kann, eng gutt Offer wann ee sech bei eppes onsécher ass.

Allgemeng wieren déi Jonk hautdesdaags méi gestresst an dat hätt virun allem mat de soziale Medien ze dinn, an eng Welt déi sech ännert.

Haaptgrënn wisou déi Jonk sech beim Kanner-Jugentelefon mellen, sinn ënner anerem Mobbing respektiv Cybermobbing oder allgemeng familiär Problemer.

Och Eltere kënnen iwwregens bei de Kanner-Jugendtelefon uruffen. Wéi am Rapport erauszeliesen ass, ass och hei d’Zuel vun den Uriff an d’Luucht gaangen.

D’Nummer vum Kanner-Jugendtelefon ass den 116  111.

Lauschtert hei déi ganz Reportage: