
© Jim WATSON / AFP
An engem éischte Schrëtt goufe 60 Satellitte fir e weltwäiten a séieren Internet an d‘Weltall geschoss. Kritiséiert gëtt d'Hellegkeet vun de Satellitten.
Déi éischt vun am Ganzen 12.000 sougenannte „Starlink“-Satellitte sinn an der Nuecht op e Freideg an d’Weltall geschoss ginn. Dat wéi gewinnt vun der Raumfaartgare am amerikanesche Cape Canaveral aus. Um 22:30 Lokalzäit war de Startschoss fir d‘“Falcon 9“-Rakéit an domat dee bis ewell deierste Projet vu "SpaceX".
Mat dësem 500 Milliounen Euro deiere Projet wëll den Elon Musk, Grënner vun Tesla an ebe SpaceX, iwwerall an der Welt Zougang zu séierem Internet erméiglechen. Nieft vill Begeeschterung uechtert d’Welt ginn et awer och kritesch Stëmmen.
Wien dat Spektakel live gesinn huet, weess wéi hell des Satellitte sinn. An do virdrunner warne verschidden Astronomen. Hier gréisste Suerg: Wann de Projet wéi geplangt duerchgezu gëtt, wäerten et méi „Starlink“-Satellitten um Himmel ginn, wéi Stären, déi ee mam bloussen Ae gesäit.
De Musk huet doropshin direkt via Twitter reagéiert. D’Satellitte sollen ëmmer dann am Däischtere sinn, wann d’Stären ze gesi sinn. Als Erënnerung: D’Luucht geet wéi bei Stären net vun de Satellitte selwer aus, mee ass d’Resultat vun de Sonnestralen déi reflektéieren.
Berechnunge vun Experte weisen awer, dass zum Beispill zu Berlin oder zu London op d'mannst 84 Satellitte permanent um Horizont wäerte stoen. Zemools zwou Stonne virum Sonnenop- respektiv Ënnergang solle 15 där Satellitte mam bloussen Aen ze gesi sinn.
Ma och wann een nëmmen e Brochdeel vun de Satellitte permanent gesäit, wäert dat de Charakter vum Stärenhimmel veränneren, esou d’Kritiker vum Projet.
Wien sech dat Spektakel wëll ukucken, ka mat engem speziellen Tool erausfannen, wéini genee déi bis ewell 60 Satellitten iwwer Lëtzebuerg sinn.