Mir hunn 10.000 Insta-Follower! Fir Merci ze soen, si mir dës Woch duerch d'Land gefuer an hunn all Dag op enger anerer Plaz Sendung gemaach.

Ganz vill Leit hate sech iwwert WhatsApp an Instagram ugemellt.

Mir hunn eis 3 Plazen erausgesicht, vu wou d'Morningshow live vun der Plaz Sendung mécht.

Vun e Mëttwoch bis e Freideg war Eldoradio ënnerwee a huet bei iech an ärer Gemeng Sendung gemaach!

E Méindeg gouf live vun der Terrasse bei eis gesent. / © Eldoradio

1. Etapp:
De Mëttwoch goung et bis erop an d'Land, vu 05h00 war Eldoradio op der Houschter-Déckt.
Den Andy an den Daniel hu live vun der Aral Tankstell gesent.

2. Etapp:
Den Donneschden waren d'Catherine an den Andy op der Kockelscheier.
Vu 5 Auer u gouf aus dem Haus vun der Natur Sendung gemaach.

3. Etapp: 
De Freide goung et fir déi lescht Etapp op Rëmerschen bei d'Baggerweieren.