All Joer op en Neits gëtt fir d'Chrëschtzäit tonneweis Glühwäin gedronk. Mee wéi vill Kalorien huet eigentlech esou ee Glas Glühwäin?

Wärend déi eng op de Chrëschtmaart gi fir d'Ambiance, sinn déi aner virun allem fir de Glühwäin do. Nëmme wéineg Leit stelle sech Froen iwwert de Glühwäin oder iwwert de Grond wisou si iwwerhaapt op de Chrëschtmaart ginn - dowéinst hu mir dee Part iwwerholl.

Wësst dir wéi vill Kalorien de Glühwäin huet a wéi wéi vill Alkohol dran ass? Ginn et Grënn, déi iech op de Chrëschtmaart bréngen a wat iess dir am léifsten?

Mir ware mam Mikro eraus an hunn iech dat gefrot:

Lauschter eran!

Glühwäin huet iwwregens an der Moyenne 200 Kalorie pro Taass an en Alkoholgehalt, deen tëscht 7% an 13% leie muss.