Déi eng quäle sech all Moien aus dem Bett, anerer si schonn um 6 Auer moies toppfit fir an den Dag ze starten. Kann een änneren, wéi ee Schlof-Typ een ass?

Wéi ee Schlof-Typ een ass, entscheet sech am Alter tëscht 20 an 30 Joer. D’Gehier entwéckelt sech bis dohi kontinuéierlech weider. Mat Mëtt 20 steet d‘„Hardware, an domat och eise Schlofrhythmus. Et ginn zwou Varianten: Déi, déi scho fréi produktiv kënne sinn, dofir awer no hannen eraus manner effektiv ginn. An déi, déi e puer Stonne brauchen an am Nomëtte réischt hier maximal Leeschtung areechen.

Da kommen e puer Mënsche mat 4 Stonnen d’Nuecht aus, wärend déi meescht awer hier 7-8 Stonne brauchen. Dat huet näischt mat Disziplin ze dinn, mee ganz einfach mat eise Genen.

Ma kann een änneren, wéi ee Schlof-Typ een ass? Eise Kierper gewinnt sech jo och dru wa mir a Kalifornien Vakanz maachen. Eise Kierper riicht sech awer och weiderhin no hell an donkel. Komplett ëmpole geet also net. Spéit-Opstoer bleiwt Spéit-Opstoer. Och wann deen éischter schlofe geet, geet moies trotzdeem net vill.

Dat spillt virun allem op der Aarbecht eng grouss Roll. Dofir soll ee beim Choix och kucken, wéi ee Schlof-Typ een ass. E Spéit-Opstoer gëtt als Bäcker net glécklech, ass permanent midd an d’Konzentratioun souwéi d’Leeschtung leiden drënner. Wien sengem Schlof-Typ gerecht gëtt, gëtt och méi seele krank.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Da geet ee jo dovun aus, dass Jonker manner Schlof brauchen an ouni Problem a Schichte schaffe kënnen. Dat ass net ganz falsch, eng Partynuecht kann een a jonke Joren heiansdo mol wechstiechen. Dat läit awer och dorun, dass Jonker subjektiv mengen, dass si fit sinn, wärend hire Kierper awer de Géigendeel seet.

Praktesch, wann een eng Kéier séier Kraaft tanke muss: E Powernap. D’Gehier gëtt duerch eng kleng Rascht souzesoe propper an eidel gemaach. Fir dass dir awer net all Dag dorop zeréckgräife musst, lauschtert dir am beschten op äre Kierper a stellt deementspriechend e puer Saachen em.