Sief et d'Spull maachen oder Staubsaugen: Och Beschäftegungen, déi eis net esou begeeschteren, gehéieren zum Alldag. Wat verbrennt da wéi vill Kalorien?

Wien e schlecht Gewëssen huet, well en sech ni gerappt kritt fir Sport ze maache ka berouegt sinn. Dir verbrennt am Alldag scho genuch Kalorien!

Déi meeschten Zäit sëtze vill Leit um Büro. Mee eleng schonn dobäi verbraucht dir op 8 Stonne gesi ronn 1300 Kalorien. De Kierper brauch jo och ouni gréisser kierperlech Aktivitéit konstant Energie, dat ass de Grond-Ëmsaz.

Beruffer mat e bësse méi Beweegung, wéi z.B. Verkeefer oder Receptionisten, verbrenne souguer 2300 Kalorien.

Genuch vun der Schaff geschwat, beschäftege mir eis léiwer mam Feierowend. Woubäi... Doheem steet direkt weider Aarbecht un. D’Geschier vun deene leschten 3 Deeg trëllt nach knaschteg ronderëm. Dir verléiert beim Spullen awer net nëmmen 10 Minutten, mee och 32 Kalorien. Mat der Spullmaschinn nach manner...

D’Fënstere missten och mol nees gebotzt ginn. Soe mir, dir kritt an 1 Stonn alles gemaach, da sidd dir 305 Kalorië lass.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Wann ee da nees bis erausgesäit, gesäit een, dass de Gaart och schonn an engem besseren Zoustand war. 2 Stonne Gaardenaarbecht an dir verbrennt 660 Kalorien.

Vu vill Beweegung kritt dir Honger. Ier dir nees Energie tankt, verbrennt dir beim Kachen awer mol 95 Kalorien an 30 Minutten.

Séier nach staubsaugen an da genuch fir haut. Dat kascht iech 62 Kalorien. An dann ass et och scho spéit, ab an d’Bett. Do huet dir zwou Optiounen: Schlofen, soe mer 7 Stonnen, fir 520 Kalorien.

Oder dir hutt nach Kraaft a loosst ären Dag mam Partner auskléngen: Beim Sex verbrennt dir pro 10 Minutte ronn 200 Kalorien.