Den Eldoskop seet iech är Woch viraus, dat mam passende Sound!

Dës Woch kann näischt schif goen. Sidd roueg couragéis an traut iech néi Saachen. D’Liewe war scho laang net méi esou onkomplizéiert.

Dir sidd dës Woch ganz ondecidéiert. Dat kënnt deene beschte vir. Schwätzt mat äre Frënn iwwert är Onkloerheeten a loosst iech hëllefen.

Och beim Zwilling leeft et dës Woch net esou wéi et sollt. Loosst iech net ze vill erof zéien. Schafft manner a kuckt no iech. Eng besser Woch erwaart iech.

Dës Woch ass d’Zäit komm fir vu vir unzefänken. Dir sidd een onbeschriwwent Blat a kënnt selwer decidéiere wéi eng Geschicht gezielt gëtt.

Déi staark Léiwe mussen dës Woch gutt oppassen. Et sinn enorm positiv a genau esou negativ Mënschen an ärem Ëmkrees. Passt gutt op wiem dir vertraut.

Ganz selbstsécher kënnt dir duerch dës Woch goen. Et wäert jiddereen op ärer Säit stoen. Traut iech är Iddien a Gedanke mat de Matmënschen ze deelen.

Dës Woch wäert dir vill Up’s an Down’s hunn. Mee loosst iech net ënner kréien, nëmmen da kann dës Woch positiv ophalen.

Schnaapt iech äre Partner oder traut iech d’ Persoun aus ären Dreem unzeschwätzen. Dës Woch stinn d’Stäre gutt a Relatioune kënne méi intim ginn.

Et ass héisch un der Zäit ärem Schwarm ze gestoe wat dir fillt, soss gëtt et schwéier positiv an di nächst Wochen ze kommen.

Et ass Zäit erëm ënnert Mënschen ze goen. Sicht iech cool Partyen a loosst iech net bremsen! Et gëtt héich Zäit d’Liewe mol erëm a vollen Zich ze genéissen.

Och dir hutt vill Héichten a Déiften dës Woch. Mee loosst iech net ënnerbotteren. Dir kënnt et dës Woch nämlech net beaflossen.

Och hei spillt d’Léift erëm eng grouss Roll. Probéiert nei Saachen aus, gitt experimentell. Traut iech. Si dir a Punkto Léift erëm op der Héischt, geet et och mam Schaffen erëm besser.