Den Dezember ass eriwwer a war wéinst de Feierdeeg net grad bëlleg...

Am Januar ginn nees Versécherungen ofgebucht, Waasser an Elektresch muss een nobezuelen an esou einfach geet et, datt ee kee Su méi an der Täsch huet.

Jidderengem kënnt et vir, dass een deen een oder anere Mount mol manner Suen am Portmonni oder op der Bank huet. Ma och an esou Situatioune kann een awer spueren, et muss een nëmme wësse wéi.

Setzt iech e feste Budget a maacht déi Suen an eng Enveloppe.

Schreift iech am Ufank vum Mount ganz genee op, wat dir fir Iessen, Fräizäit a Co. wëllt ausginn. Sou kommt dir net a Versuchung onkontrolléiert ze vill auszeginn, well dir ganz genee wësst, wei vill Suen nach iwwreg sinn. Fir all Kategorie eng eenzel Enveloppe benotzen, sou dass näischt duerchernee kënnt.

D'Akafslëscht gëtt äre beschte Kolleeg.

Huet ee sech een Ziedel geschriwwe mat deene Wueren, déi een akafe muss, gi spontan Akeef méi seelen! Virum Akafe kucken, wat doheem nach esou erëmtrëllt, dat als éischt opbrauchen a just dat kafen, wat dir wierklech braucht.

Plangt är Moolzechten am Viraus.

Kuckt all Weekend, wat dir an der Woch fir ze iesse braucht. Och wann een an der Mëttesstonn net doheem iesse kann, kann ee sech eppes kache fir mat op d’Schaff ze huelen. Plangt een am Viraus kann ee spezifesch akafe goen. Ausserdeem spuert ee Suen andeems een net all Mëttespaus Iesse kafe muss - selwer kachen ass ËMMER méi bëlleg.

D'30-Deeg-an-10-Minutten-Challenge.

Huet een d’Gefill et bräicht een elo wierklech deen neie ganz deiere Staubsauger oder Televisioun, dann ass et Zäit 30 Deeg ze waarden. Iwwerleet iech an dëser Zäit ob der et wierklech braucht.

Am Buttek stéisst een op eppes Witzeges oder Leckeres, et huet een et am Grapp an et kascht och "just" 7 Euro. Haalt et 10 Minutten am Grapp a maacht ären Akaf weider, dacks vergeet an deenen 10 Minutten d’Loscht drop an et mierkt een, dass et eigentlech iwwerflësseg ass. Zack – an erëm 7 Euro net ausginn.

D'52-Deeg-Challenge.

Leet iech eng Spuerbéchs zou (eng eidel Béchs geet duer a spuert och nees Suen). All Woch kommen do Suen dran, dat ee ganzt Joer, also 52 Woche laang.

Déi éischt Woch just 1 Euro, déi zweet Woch 2 Euro a sou weider. No engem Joer huet een esou 1.378 Euro zesummen an de Januar drop e puer Problemer manner!