Wat en Dramjob ass a wat net, ass net objektiv ze bewäerten. Wat een awer soe kann ass, wat e skurrillen Job ass a wat net - an där ginn et der genuch.

Den normalen Aarbechtsalldag huet 8 Stonnen den Dag a 40 Stonnen d'Woch. Iwwert den Daum gerechent verbrénge mer also am Joer 21% vun eiser Zäit mat Schaffen. Ee Fënneftel vun eisem Liewe geet am Joer drop fir op der Aarbecht ze sinn. Also huet een all Interêt eppes ze maachen, wat engem Spaass mécht.

Wisou dann net einfach mol e méi skurrillen Job, wéi zum Beispill als Auteur vun den Texter aus de Gléckskichelcher. Jo, esou een Job gëtt et effektiv. De gréissten Hiersteller vun esou Kichelcher sicht nämlech reegelméisseg no Auteuren, déi Texter schreiwe fir an hiert Gebäck. Wann ee bedenkt, dass se an hiren Archiv scho ronn 15.000 verschidden Texter hunn, dann ass och kloer, dass et en zimmlech usprochsvollen Job ass.

Wann een allerdéngs no engem Niewenjob sicht, dee Stress ofbaut, dann ass Sex-Toy-Tester den absolutten Hummer. Et sinn nämlech eng ganz Rei Hiersteller vun esou Spillsaachen, déi no Leit sichen, déi hir nei Produiten testen an dann och bewäerten. Wann der iech also dofir melle wëllt: Keng Angscht, dat Ganzt ass privat, net observéiert an am eegenen Zëmmer.

A wie säi Geld op engem méi kulinaresche Wee wëll verdéngen, dee ka sech jo och mol als Déierefudder-Tester versichen. Et ass normal, dass och dat fir d'éischt muss getest ginn, iert et un eis pelzeg Kolleege geet. Mat engem Joresgehalt vu ronn 36.000 Euro ass et nawell zimmlech gutt bezuelt.

Et ginn also genuch Méiglechkeete fir niewebäi nach eppes Klenges ze verdéngen.

Lauschtert eran