Déi eng sinn um 7 toppfit, anerer réischt um 11: Bei jidderengem tickt d'biologesch Auer anescht. Mat Fast Food geheit dir dës Auer komplett op d'Kopp!

Fast Food ass net dat gesënntst, souwäit weess jidderee Bescheed. Nieft den Inhaltsstoffer sinn et virun allem richteg Kalorie-Bommen. Et ass awer anscheinend net nëmme wichteg ze kucken, wéi dacks ee kulinaresch sënnegt, mee wéini een de Snacks verfält. Eng fetteg Ernierung bréngt de natierleche Rhythmus vum Kierper, also eis biologesch Auer, komplett aus dem Takt. Dat hu Fuerscher vun der Northwestern University zu Evanston mat Experimenter u Mais erausfonnt.

2 Woche laang kruten d’Déiere reegelméisseg normaalt Fudder. Duerno goufe se fir weider 6 Wochen an 2 Gruppe gespléckt. Déi eng Mais hu weiderhin normal giess, déi aner kruten nëmmen nach fettegt Iessen.

D’Fast Food-Mais hunn hir alldeeglech Mustere komplett geännert, dat heescht si hunn zu aneren Zäite gefriess a geschlof wéi soss. Mais schlofen normalerweis am Dag - an deem Fall ware si awer an där Phas aktiv. Bei deenen anere Mais gouf et keng Verännerung. Souguer nodeems déi gesond ernierte Mais d’Méiglechkeet kruten dat fettegt Iessen ze friessen, hu si weiderhin dorop verzicht.

D’Konsequenz vun enger defekter banneschter Auer: De Risiko vun Iwwergewiicht an Diabetis geet an d’Luucht. An dorausser gëtt séier en Däiwelskrees. Wie bäihëlt bréngt seng bannescht Auer nach méi duercherneen.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Halt iech also am beschten u fest Zäiten un deenen dir iesst an déi och ärem natierlechen Dagesoflaf entspriechen. Oder loosst fir den Ufank wéinstens de Mëtternuechts-Snack weg…