An enger neier Etüd ass erauskomm, datt Duechteren d’Familljeliewe fuerderen.

Als Kand huet een dacks folgend Bild: Schwësteren nerven, si klauen d'Kleeder a ginn engem och mol richteg op de Geescht.

Ma d’Universitéit vun De Montfont an England an d'Universitéit vun Ulster an Nordirland hunn elo rausfonnt, datt Duechtere gutt si fir d’Famill. D’Fuerscher hunn 571 Leit tëscht 17 a 25 Joer Froe gestallt iwwert d'Thema mental Gesondheet. Erauskoum, datt wann een op d'mannst eng Schwëster huet, ee méi glécklech a positiv gestëmmt ass.

Weider koum bei der Etüd eraus, datt Duechtere respektiv Schwëstere méi e grousst Harmonie-Bedierfnis ewéi d’Bridder hunn. Dohier hu si vill méi e positiven Afloss op Familljekonstellatiounen, bei där d’Famill duerch Trennung oder Scheedung net méi zesummelieft. D’Fuerscher hu festgestallt, datt Schwësteren eng méi oppe Kommunikatioun ustriewen. Familljen diskutéieren doduerch méi einfach an och méi heefeg iwwer Gefiller an hunn domadder och e méi staarken Zesummenhalt.

Interessant ass, datt et bei Bridder de komplette Géigendeel ass. Déi géingen nämlech de Fuerscher no pessimistesch Gedanken an de Virdergrond drécken. Begrënnt gëtt dëst, well d’Männer an d'Jongen dozou tendéieren hir Gefiller fir sech ze halen.

D'Frae wieren de Fuerscher no déi, déi éischter mol kräischen an iwwert déi meeschte Saache wëlle schwätzen. Ganz egal ob Schwëster oder Brudder: Esou laang d'Kommunikatioun do ass, kann d'Zesummeliewe klappen, och wann et mat vill Sträit verbonnen ass.

Lauschtert iech hei de Reportage un