Den Handy op der Säit loossen, wann ee seng Kanner no der Schoul siche geet - esou ze liesen aktuell bei enger Schoul am engleschen Derby.

"Begréiss däi Kand mat engem Laachen an net mat engem Handy" - kléngt beim éischten Héiere skurril, ma reflektéiert een dat Ganzt, mierkt ee séier, op wat et erausgeet. Eng Schoul zu Derby an England huet un d'Gitter vun hirem Gebai e Panneau mat genee deem Sproch opgehaangen. Ma wat stécht dohannert? Wëll d'Schoul d'Eltere wierklech zwéngen, den Handy agepaakt ze loossen, wa si hiert Kand nom Cours nees siche kommen?

Lauschtert eran!

Nee, eng Schoul dierf dat natierlech net. Wéi a villen

ze liesen ass, soll dës ongewéinlech Approche als Aart Erënnerung ze verstoe sinn: Et soll ee voll bei sengem Kand sinn an net d'Aen op e klengen Ecran geriicht hunn. Grad an eiser Zäit si vill Leit richteg ofhängeg vum Handy. Wa mer ganz éierlech si pechen eis Fanger vill ze dacks um Bildschierm.

De Panneau zu Derby ass verschidde Medien no da ganz verschidden ukomm: Déi eng fannen e gutt, anerer net. Eng Mamm soll online geschriwwen hunn, datt d'Kanner no engem Schouldag den Eltere genuch ze zielen hätten. Aner Meenunge ginn et och: "Et huet absolut näischt mat responsabel sinn ze dinn, sou ass d'Liewen!"

Am grousse Ganze soll de Gros vun den Elteren awer vollkommen averstane sinn, mat deem wat do steet. D'Schoul hofft, datt se domat de richtegen Nerv getraff huet. Egal wat een dovunner hält, et ass eng gutt Erënnerung, sech net ze vill an der virtueller Welt ze verléieren, mee am Elo ze sinn an d'Zäit mat de Léifsten ze genéissen.