Och 2020 fänkt hei an der brittescher Haaptstad musikalesch un.

Wéi all Joer nees huet d’BBC elo hiren "Sound of" Ranking publizéiert, dee virausseet, wien an den nächsten 12 Méint de groussen Duerchbroch packe soll. Oft louch d’BBC do scho richteg. Esou huet si zum Beispill de Succès vum Adele, Ellie Goulding oder Sam Smith virausgesot. Geet et den Experten no, soll 2020 dann d’Joer vum Celeste ginn.

Lauschtert hei de Reportage:

Déi 25 Joer al amerikanesch Soul- an Jazz-Sängerin gëtt schonn als dat neit Adele oder Amy Winehouse gefeiert. Mat senge melodiéisen an emotionale Lidder huet hat sech an de leschte Joren an der brittescher Musekszeen en Numm gemaach. Elo soll dann de groussen internationalen Duerchbroch ustoen.

Dass een awer net onbedéngt op Plaz 1 vum Ranking stoe muss fir Succès ze hunn, beweist zum Beispill d’Lady Gaga, déi 2009 just op Plaz 6 koum. Deementspriechend sollte mer dëst Joer och en Aa op Easy Life geheien, déi op déi 2. Plaz koumen a mat hirem Lidd "Nice Guys" och schonn hei um Eldoradio gelaf sinn. Op Plaz 3 koum Yungblud, op Plaz 4 d’Joy Crookes an op Plaz 5 d’Band Inhaler.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter