Millioune vu Leit weltwäit spille Woch fir Woch Lotto, obwuel d'Chance ze gewannen, relativ kleng ass.

Vill Leit dreemen dovunner, sech vun engem Dag op deen aneren, alles kafen ze kënnen. Sief et eng Villa, e Luxusauto oder eng Weltrees. Wa méiglech, sollen och déi eege Kanner fir de Recht vun hirem Liewe finanziell ofgeséchert sinn. En Dram, deen sech duerch Lotto, an Zukunft och weiderhin haartnäckeg an de Käpp vun de Leit wäert halen.

D'Wuert Dram ass wichteg fir ze verstoen, firwat esouvill Leit iwwerhaapt Woch fir Woch Lotto spillen. Ëmmerhi weess quasi Jiddereen, dass d'Chance ze gewannen, immens kleng ass. De Grond läit an eiser Psychologie. Eleng den Dram an d'Virstellung vum Gewënn mécht eis glécklech. An dass denn Jackpot iwwerall an all Zeitungsbuttek deck a fett ugewise gëtt, verstäerkt dat Gefill ëmsou méi.

Wichteg ze verstoen ass, dass hannert enger Lotterie natierlech och e gewësse Marketing stécht. Huele mir zum Beispill den EUROMILLIONS. D'Chance den Jackpot ze knacken, läit bei 1 zu 140 Milliounen. D'Zuel 1 ass hei entscheedend. Et kéint jo eng Kéier wierklech geschéien, dass ee selwer dësen ee Gewënner kéint sinn.

Wann een d'Rechnung anescht dréint, läit d'Chance ze gewanne bei 0,000001%. Esou kléngt dat Ganzt scho manner attraktiv.

Den Jackpot ass dann dacks eng Zuel, déi quasi kee vun eis zu senge Liefzäite jeemools verdénge géif. Zomme wéi 140 Milliounen Euro si fir d’Gehier einfach net gräifbar, respektiv virstellbar. D'Konsequenz ass, dass de Mënsch seng Vernonft ignoréiert an op säi Bauchgefill lauschtert. Ëmmerhin huet och Jiddereen déi selwecht Chance ze gewannen. Lotto ass nämlech net duerch Taktik oder Mathematik ze beaflossen oder virauszebestëmmen. Sou verstäerkt sech eis Loscht ëmsou méi.

De Sproch "Wien net spillt, kann och net gewannen..." ass net duerch Zoufall opkomm. Ma verschidde Leit sinn eleng scho frou, wann si hir zwee Euro vum Rubbellous erëm zréckgewannen.