Schmierereien op Bus-Arrêten oder aner Arrête sollen een Enn hunn: d'Stad Zürech test elo Sensoren, déi Geräischsfrequenze vu Spraydousen erkennen.

Net nëmmen hei zu Lëtzebuerg huet ee mat illegale Graffitien ze kämpfen, och zu Zürech ass een domadder geplot. Déi Schwäizer Stad wëll deem awer net méi nokucken, an huet elo op auserwielte Bus-Arrêten LED-Luuchten mat spezielle Sensoren installéiert. Also ganz speziell Alarm-Anlagen déi Sprayer ofschrecke sollen.

Dës LEDen sinn engersäits Energie-effizient well se manner Stroum verbrauchen, ëmweltfrëndlech well se Quecksëlwer-fräi sinn, an nohalteg wéinst hirer Liewensdauer.

Anerersäits reagéieren dës Luuchten och op d’Geräisch vu Spraydousen. Wann een d’Spraydous rëselt respektiv domadder sprayt, da gëtt de Sensor aktivéiert an d’Luucht blénkt da permanent.

Den Zürecher Verkéiersbetriber no géif dat Opmierksamkeet op sech zéien, Passanten oder Awunner géifen dorop opmierksam ginn, an doduerch géif de Sprayer ofgeschreckt ginn. Am beschte Fall géifen d’Sprayer direkt fortlafen.

Dat Ganzt soll elo op e puer Bus-Arrête getest ginn, bis Mëtt 2020. Duerno wëll een dann de Bilan zéien. Op wéi enge Bus-Arrêten et genee dës sou genannte „Alarm-Anlagen“ ginn, verréit d’Stad awer net. Sou wëll ee verhënneren, dass d’Testresultater verfälscht ginn.

Lauschtert hei d'Reportage am Toun: