D'Englänner maachen et richteg. Reegelméisseg Téi drénken, ass net nëmmen Typesch fir si, mee och nach richteg gutt fir d'Gesondheet.

Wann een eppes ka behaapten, dann ass et, dass et ganz vill onnéideg Etüde ginn. Ma Fuerscher vun der Chinese Academy of Medical Science zu Peking, hunn do elo e puer Ënnersichungen duerchgefouert, déi alles anescht wéi onnéideg sinn.

Am European Journal of Preventive Cardiology sinn d'Resultater verëffentlecht ginn. D'Fuerscher hunn nämlech ënnersicht wéi positiv sech Téi drénken op eist Liewen auswierkt. Eraus komm ass, wann ee reegelméisseg Téi drénkt, een noweisbar méi laang lieft.

De Risiko op Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen oder héije Bluttdrock ass bei wäitem manner héich, virun allem wann ee gréngen Téi drénkt.

100'902 Persounen hu se ënnersicht, déi beim Ufank vun der Etüd nach ni en Häerzinfarkt, Kriibs oder e Schlag gemaach haten. D'Leit sinn an 2 Gruppen ënnerdeelt ginn. An der enger ware reegelméisseg Téidrénker an an der anerer ware Persounen déi ni oder quasi ni Téi drénken. Ganzer 7 Joer laang ass dat Ganzt verfollegt ginn.

Am direkte Vergläich ass eraus komm, dass bei der Grupp, déi reegelméisseg Téi drénkt, e 56% méi klengt Risiko festgestallt ginn ass, en Häerzinfarkt oder e Schlag ze kréien.

Begrënnt gëtt dat domat, dass déi sou genannte Polyphenoler, also Antioxidantien, déi an de Planzen enthale sinn, eis Zellstruktur schützen an esou e positiven Effekt op eis Immunsystem hunn.

Et muss also net ëmmer iergendeen Hokuspokus sinn deen iergendee Scharlatan verzaapt. Einfach mol op d'Natur lauschteren a vun deem profitéiere wat se ze bidden huet. Drénkt mindestens 3 mol d'Woch eng gutt Taass gréngen Téi, dat verlängert net nëmmen äert Liewen, mee baut och nach Stress of.

An deem Sënn, ofwaarden an Téi drénken.

Lauschtert eran