Sech bei niddregen Temperature richteg ze kleeden ass eng Konscht. D'Jeans sollt dir am Wanter léiwer am Schaf loossen - ausser dir wëllt fréieren!

Alleguer déi, déi onofhängeg vun der Saison ëmmer mat enger Jeans-Box ronderëm lafen, wësse Bescheed: Deet een am Wanter eng Jeans un, fillt et sech esou un, wéi wann ee guer keng Box unhuet.

Ma firwat fillt sech déi blo Kult-Box bei niddregen Temperaturen esou extrem kal op der Haut un? Dat läit um Stoff vun der Jeans. Dee besteet nämlech zu 98% aus Kotteng. Am Summer si mer och frou driwwer: Doduerch dass d’Box d’Fiichtegkeet vun der Haut gutt ophëlt, bleiwe mir bei héijen Temperature besser gekillt.

Elo stieche mer awer am déiwe Wanter, also zeréck bei eis Fro, firwat d’Jeans eis aktuell kee Gefale mécht. D’Keelt an d’Fiichtegkeet vun der Wanterloft zéie souzesoen an de Stoff an. Well d’Jeans relativ no un der Haut läit, huet een dobaussen also permanent dat Gefill, dass et méi kal ass, wéi mat anere Boxen. Slim-Fit Jeans verstäerken deen Effekt natierlech, well déi nach méi enk uleien. Bei Jeans mat Lächer muss ee wuel net erklären, wat de Problem ass.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Bei anere Boxen, zum Beispill déi, bei deenen de Stoff deelweis aus Woll besteet, staut sech d’Hëtzt vum Kierper éischtens besser an och d’Keelt kënnt net un är Been erun.

Déi déi trotzdeem net op déi gutt al Jeans verzichte wëllen, kënnen no speziellen Thermo-Jeans sichen, bei deenen d’Uewerfläch extra verännert gouf. Alternativ di Fraen am Wanter gären e Collant ënnert der Box un. Och dee bitt sech bei Keelt un. Soubal een awer an engem Raum ass, an deem d’Heizung opgedréint ass, staut sech d’Hëtzt. D’Konschtfaseren am Collant loossen d‘Haut nämlech net gutt ootmen.