Weist den Thermometer iwwer 37 Grad un, huet ee Féiwer. Dat soll awer guer net méi stëmmen. Déi mënschlech Kierpertemperatur geet deemno ëmmer weider erof!

Et ass dach ganz einfach: Et stécht een den Thermometer an de Mond, waart e bëssen a wann en iwwer 37 Grad uweist, huet ee Féiwer. Des Zuel ass bei ville Mënsche fest am Kapp verankert a gëllt zanter Éiwegkeeten als Grenz tëscht gesond a krank.

Bis viru kuerzem Fuerscher vum Stanford University Medical Center

, dass dat guer net méi aktuell ass. D’Norm läit deemno bei 36,6 Grad, also bal en hallwe Grad méi niddreg. Dat ass d’Resultat vun 250.000 Miessungen u 35.000 Patienten.

Si sinn awer méi wäit gaangen an hu sech al Temperatur-Miessungen aus dem 19. Joerhonnert, déi éischt vun där Zorte, ugekuckt. Hei huet den Duerchschnëtt nach 37 Grad erginn. Mat Hëllef vu weideren amerikaneschen Etüde konnte si d’Bild vun 1862 bis 2017 nozeechnen. Déi mënschlech Kierpertemperatur ass an de leschten 150 Joer effektiv erofgaangen an zwar em 0,03 Grad pro Joerzéngt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Mee wéi ass dat méiglech? Moossfeeler ginn ausgeschloss, well bannent den eenzelen Etüden och en Trend no ënnen ze erkennen ass. De Fuerscher no ass de verännerte Stoffwiessel dofir verantwortlech. Eise Grondëmsatz ass wéinst eisem méi confortabele Liewensstil zeréckgaangen. Mir komme besser un Iessen a Medezin, liewen a gehëtzte Wunnengen. Eis Liewensbedingungen hu sech verännert - a mir och.

Iwwregens gouf och bewisen, dass Fraen, Jonker a Mënsche mat Iwwergewiicht eng liicht erhéichte Kierpertemperatur hunn an dass déi wärend dem Dag variéiere kann.