Op der Tëlee kënnt dach ëmmer dat selwecht… Stëmmt! E puer Kanäl weisen all Dag déi nämmlecht Serien. Hei fannt dir eraus, wéi eng am meeschte gelaf sinn.

Wat een an Zäite vun Netflix, Amazon Prime an Disney+ séier mol vergësst: Och op der Tëlee lafen är Liblings-Serien! Liicht a witzeg Kascht kënnt generell gutt bei de Leit un, dofir ass et schonn Traditioun dass all Dag e puer Folgen How I Met Your Mother oder Two and a Half Men gewise ginn. Dobäi geet et och em d‘Gewunnegt. Et weess een: Wann een zu där Zäit umécht, leeft grad déi Serie. Ma déi eng Serië begleeden eis op der Tëlee méi dacks wéi anerer.

De Mediemagasinn DWDL huet sech de Programm vun deenen 8 groussen däitsche Kanäl, also Das Erste, ZDF, RTL, Sat.1, Pro7, Vox, RTL2 a Kabel 1 ugekuckt. Si wollte wësse vu wéi enger Serie 2019 déi meeschte Folge gelaf sinn.

Navy CIS gouf 971 mol gewisen an dat verhältnisméisseg dacks an der Primetime tëscht véierel op 8 a Mëtternuecht, nämlech 141 mol.
The Middle ass mat 1033 Folge méi dacks gelaf, dofir awer éischter fréi moies an am Nomëtten.

Eng Instanz ënnert de Serien op der Tëlee sinn d’Simpsons. Mëttlerweil leeft an Däitschland déi 30. Staffel, mee mat 1175 Folgen am Joer 2019 waren déi meescht natierlech Widderhuelungen. Trotzdeem fënnt ee se och bei der 5. Kéier kucken nach ëmmer witzeg.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Two and a Half Men huet et lescht Joer op 1999 ausgestraalten Episode gepackt. An dat obwuel vill Leit den Charlie Sheen vermëssen a sech nach ëmmer net sou ganz un den Ashton Kutcher gewinnt hunn. Medical Detectives leeft mat 2232 Episode gefillt an Dauerschleef, ass awer nëmmen am 2. meeschte gelaf.

Am meeschten ass 2019 The Big Bang Theory gewise ginn! Ganzer 2332 mol, dorënner déi 24 Episode vun der 12. a leschter Staffel. Statistesch gesinn ass d‘Serie domadder 8 mol komplett gelaf.

Dir mierkt: Et si virun allem d’Sitcomen déi gutt zéien an deementspriechend dacks lafen. Well se ni méi laang si wéi 20 Minutten, kann een de Programm och mat méi Folge fëllen.