Brauch d'Welt een Gin-Jughurt?

Ee britteschen Dokter reegt sech op Twitter nawell ferm iwwert ee Jughurt op. Nämlech ee ganz spezielle Jughurt, e sou genannten Gin-Jughurt vun der Mark Müller.

Dëse Jughurt gëtt et anscheinend zënter dem leschten Oktober a Groussbritannien, schreift d’BBC. Den Dokter fënnt dass ee scho sou genuch Problemer mat Alkohol hätt, wisou et dann elo ee Jughurt mat Gin muss sinn. Och wann den Alkohol-Gehalt relativ geréng ass, nämlech 0,5 Prozent.

Wat seet d‘Entreprise Müller dozou?

D'Entreprise seet, dass een de Jughurt reegelméisseg am Kader vun enger gesonder an ofwiesslungsräicher Ernierung iesse kann. Et géif ee Feedback vu Konsumente kréien, dass de Produit gutt wier. Wat sot dir? Brauch d’Welt sou ee Jughurt?