De Risk vun uerge Bëschbränn, wéi et se de Moment an Australien ginn, klëmmt weltwäit. Dat ass d’Resultat vun enger Iwwersiichtsetüd.

De Klimawandel, deen duerch de Mënsch verursaacht gëtt, fërdert Konditiounen, ënnert deene Bëschbränn ausbriechen an erhéicht domat d’Warscheinlechkeet vun engem Brand. Dat ass de Fazit vu brittesche Fuerscher vun 3 verschidde britteschen Unien a vum brittesche Wiederdéngscht. Si hunn Etüden ausgewäert, déi no 2013 publizéiert goufen. Publizéiert gouf hir Etüd op

.

De Fuerscher no géifen dës Etüde weisen, dass et een Zesummenhang gëtt tëscht den Temperaturen déi weltwäit klammen, an den ëmmer méi extreme Wiederlagen, déi Feier begënschtegen.

Si schwätze vu Brandwieder, wa Facteure wéi héich Temperaturen, niddreg Loftfiichtegkeet, wéineg Reen a staarke Wand zesummekommen. Zwar géifen et an e puer Regiounen Ausname ginn, Observatiounsdaten hunn awer gewisen, dass sech op 25% vun der Äerduewerfläch, d’Brandwieder-Saison verlängert hätt. Sou géif dës 20% méi laang dauere wéi soss.

Dësen Effekt kéint een a ville Welt-Géigenden noweisen. Betraff wieren ënner anerem Nordamerika, Südeuropa, a Skandinavien. De Fuerscher no géif d’Erwiermung, déi mir  verursaachen, och d’Brandgefor an aner Regioune wéi Sibirien an Australien erhéijen.
 
Déi

huet viru kuerzem och ee Statement zu de Bëschbränn publizéiert. Doranner heescht et, dass mat der Äerderwiermung et och ëmmer méi extrem Wiederlage ginn. Een direkten Zesummenhang zu de Bränn stellt d’Akademie net hier.

© Saeed KHAN / AFP

Bränn, wéi et se aktuell an Australien ginn, entstinn net eleng well et dréchen ass, mee och duerch Ausléiser wéi ee Blëtz , een Zigarettestomp deen op de Buedem geheit gëtt, oder eben duerch ee Brandstëfter. Dréchent a waarmt Wieder erhéicht awer de Feierrisk.

© SAEED KHAN / AFP

Fest steet, dass dëst Joer déi australesch Feier-Saison däitlech méi fréi ugefaangen huet wéi normal. Och di betraffe Fläch läit wäit iwwert der Moyenne. Bei de Bränn si leschten Informatiounen no ronn 30 Mënschen ëm d'Liewe komm an zéngdausende vun Déieren.