Dir braucht nach Home Entertainment fir de Weekend?

Fir datt dir iech de Weekend net doheem langweilt, steiere mir nach e bëssen Home Entertainment bäi. Déi nei Episod Keck! elo schonn online! Bleift gesond!

Episod 4 - Traus de dech nach ze houschten?

D'Lynn huet nach eng Lift-Story. D'Cat erfënnt Tinder nei. D'Sarah gëtt am Tram ausgegrenzt. 3 Mol gehouscht an Zack an d'Quarantän? Vu Guilty Pleasures iwwert ongewéinlech Phobien - mir deelen alles mat iech, just kee Virus.

Weider Infos ronderëm de Podcast fannt dir och op Instagram:

Wéi d'Leit zu Lëtzebuerg am Stau: Se wësse wou se hi wëllen, sinn awer nach net ukomm. Dat sinn d’Catherine Nothum, d’Sarah Raparoli an d’Lynn Warken. 3 Fraen, déi déi nämmlecht Sprooch schwätzen an awer zimmlech verschidde sinn

- oder besser gesot "Keck!", de Podcast, deen iech an ärem Liewe gefeelt huet. Fir Iessen a Gedrénks suerge mer net, soss gëtt awer alles mat iech gedeelt. #nofucksgiven

Zweemol de Mount hei op eldo.lu an all de bekannte Podcast-Plattformen!

Episod 3 - Speckgürtel, Dick Pics an deier Wunnengen 

Carpe diem - Lebe den Tag. Nee, dat ass net eist Motto. Jo, dës héich inspirational Quote ass tatsächlech an dëser Episod gefall. D'Lynn muss eng wichteg Fro beäntwert kréien, d'Sarah brauch Nohëllef am Franséischen an d'Cat sicht een Doheem.

Episod 2 - "Wéi, wisou drénks du näischt?"

D'Generalprouf hu mir iwwerstanen - hei si mer erëm. An dëser Folleg gi mer de wichtege Froen op de Grond: Wéi eng beängschtegend Bezéiung féieren d'Lynn a seng Öko-Tuten? Viru wiem leeft d'Catherine fort? A vu wiem kuckt d'Sarah heemlech Videoen? De gudde Lëtzebuerger lauschtert bis zum Schluss.

Episod 1 - Knapp op a lass!

An der éischter Episod gëtt driwwer philosophéiert firwat Schüler sténken, wéi vill Emojis ubruecht sinn a firwat een oppasse soll, wann ee mat Muskelkater op d’Dëppe geet. #wou