Op der Strooss selwer ginn et nerveg Situatioune wann et gefruer ass, ma nerveg kënnen d'Temperaturen och scho sinn iert ee fort fiert.

De Wecker schellt, et dréint ee sech nach eng Kéier an da mierkt een, dass ee schonn déck a Verspéidung ass. D'Schlummertast alt nees eng Kéier ze vill gedréckt an elo heescht et Gaass ginn. Duschen, Zänn wäschen, Undoen an d'Taass Kaffi mat der Gebeesseschmier a Rekordzäit Strass erof gehäit.

Beim Auto ukomm mierkt een, dass alles gefruer ass. Allez hopp, loosse mer de Motto lafen an da kraze mer. Mee Moment, d'Kraz läit guer net am Auto mee doheem am Keller. Hei 2 Tipps: Loosst d'Kraz ëmmer am Auto an de Motto loosst der aus wann der d'Gefier vum Äis befreit. De Verbrauch ass soss enorm héich a fir d'Ëmwelt ass et och net vu Virdeel an ass esouguer verbueden.

Nach séier d'Sëtzheizung an d'Heizung an der hënneschter Fënster ugemaach an endlech kann et Richtung Schaff goen. Déi soll een allerdéngs direkt ausmaache soubal d'Fënster hannen net méi beschloen ass an een de Culo scho gutt waarm huet. Déi zwou Heizunge lafen ze loosse bréngt guer näischt a kascht just nach Stroum.

A wéi kann et anescht sinn? Elo lafen och nach déi aner Fënsteren un. Kee Problem, d'Gebléis op 100 gestallt an da geet dat. Falsch, et ass nämlech vill méi ekonomesch d'Klimaanlag kuerz lafen ze loossen. Déi hëlt de Frascht an d'Fiichtegkeet nämlech zimmlech séier aus dem Auto. Hei ass et just wichteg se direkt nees aus ze maache wann d'Fiichtegkeet fort ass, soss ass den ekonomeschen Effekt futti.

Esou huet een an Zukunft absolut kee Problem méi, fir och bei Minus Temperature ganz gemitterlech mam Auto ënnerwee ze sinn.

Lauschtert eran