Nieft der Schueberfouer, de Commercen an neien elektresche Bussen ass et de Mëttwoch de Mueren virun allem ëm d’Entwécklung vun der Bevëlkerung gaangen.

E war e léiwen a charmante Mann an et wéilt een der Famill vum Eugène Berger säin déifste Matgefill ausschwätzen, dat sot d’Stater Buergermeeschtesch de Mueren um City Breakfast.

Jongen a Meedercher halen sech bei Gebuerten d'WO

Iwwerdeems goufen traditionell d’Zuelen zu den Awunner an der Stad fir den Ufank vum Joer presentéiert. Den 31. Dezember 2019 hunn deemno 122’273 Leit an der Stad gewunnt, dat ass eng Hausse vu ronn 3’000 Awunner am Verglach mam Joer virdrun. Dorënner waren et 62’905 Männer an 59’368 Fraen. Déi gréisste Communautéit bleiwen d’Lëtzebuerger mat 35’913 Awunner. Duerno komme Fransousen, Portugisen, Italiener a Belsch. 164 verschidden Natiounen hunn Enn vum Joer an der Stad gewunnt.

Bei de Kanner, déi um Gebitt vun der Stad gebuer gi sinn, halen sech Meedercher a Jongen iwwerdeems d'Wo.

Et waren 2'871 Meedercher an 2'872 Jongen.

Weider ass et och schonn ëm d’Schueberfouer gaangen. Bis den 28. Februar kënnen do d’Projete fir d’Affiche vun der Editioun 2020 bei der Stad agereecht ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage:

25 nei 100%eg elektrech Busse fir d'Stad

Donieft wëllt d’Stad viraussiichtlech dëst Joer bis zu 15 nei komplett elektresch Busse kafen, déi bei 10 Stéck, déi scho kaaft gi sinn, dobäi kommen. Déi hunn eng Autonomie vu bis zu 200 Kilometer a kënnen och esou agestallt ginn, dass se automatesch an 30er-Zonen och mat 30 Stonnekilometer fueren.

Wéi d'Stad weider matgedeelt huet, plënnert déi sougenannten "Info-Box" aus der Rue des Bains op d'Plëss an heescht an Zukunft "Infobus". Vum 2. Mäerz un fënnt een de Guichet dann op der neier Plaz. Dem Client ginn hei ënnert anerem all néideg Informatiounen iwwert de Busreseau zur Verfügung gestallt.

Den 1. Schäffe Serge Wilmes huet iwwerdeems och nach dorop higewisen, dass vill nei Geschäfter an der Stad géifen opmaachen. Et wier also falsch et esou duerzestellen, wéi wann d’Commercen an der Stad ënner anerem duerch d’Chantieren nëmme géifen zoumaachen, ouni dobäi op déi hinzeweisen, déi nei géifen opmaachen.

Brasserie Guillaume mat Chance am Juni erëm op

D'Aarbechte fir de Park am Ban de Gasperich wäerten iwwerdeems am Februar 2020 ufänken.

Um Enn ass et och nach ëm d’Brasserie Guillaume gaangen, déi war jo d’lescht Joer duerch e Féier staark beschiedegt ginn an huet dofir missten zoumaachen. Vun der Buergermeeschtesch huet et geheescht, dass se eventuell kéint fir de Juni erëm opmaachen. Dat géif awer un de Feierfesten Dieren hänken, déi ee misst erbäi kréien an da misst dat Ganzt jo och nach vu Luxcontrol ofgeholl ginn.

2. Opruff fir d'Pop-up Storen an der Philippsgaass

An deem Kader huet de Schäfferot och matgedeelt, datt een nees no Leit fir d'Pop-up Storen an der Philippsgaass sicht. Aktuell ginn d'Lokalitéite jo engem Lego-Buttek mat Workshoppen an engem Kleederbuttek mat Galerie zur Verfügung gestallt. Ma vum Mee u sollen nei Butteker an d'Gebaier plënneren. Bis de 15. Mäerz kënne sech Interesséierter iwwert

umellen.