De Klimawandel an ee geféierleche Virus menacéieren d'Kakao-Planz. Wann et sou viru geet, kéint et sinn, dass de weltwäite Bedaerf net méi gedeckt ka ginn.

Schockela ass fir vill eng Leidenschaft. Deelweis ginn ëm och positiv Eegenschaften nogesot. Ee Liewen ouni Schockela wier deemno fir vill Leit ondenkbar. Mee villäicht wäert dat awer an Zukunft anescht sinn, well Fuerscher warnen elo dass de Schockela knapp kéint ginn.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

Schold dorun ass fir d’éischt mol de Klimawandel. Duerch de Klimawandel, respektiv den héijen Temperaturen, geet et de Kakao-Beem an Afrika net gutt. Engersäits sinn d’Beem geschwächt well et net genuch reent, wann se d’Waasser am meeschte brauchen. Anerersäits reent et zu aner Zäiten am Joer ze vill. D’US-Wiederautoritéit NOAA huet deemno ausgerechent, dass 2050 bal 90 Prozent vun den aktuellen Ubauflächen am Ghana an der Elfenbeinküst, fir de Kakao-Ubau net méi gëeegent kéinte sinn. Béid Länner sinn déi gréisste Kakao-Produzenten.

Mee de Klimawandel ass net déi eenzeg Menace fir d’Kakao-Beem. Och Krankheete maachen de Planzen extrem ze schafen. Déi gréisste Gefor besteet de Moment och duerch d‘Swollen-Shoot-Krankheet. Een aggressive Virus dee vu klenge Planzeläis iwwerdroe gëtt. D’Krankheet gëtt dacks spéit erkannt. No engem bis dräi Joer stierft de Bam. De Problem ass, dass ee Kakao-Bam eréischt no 5 Joer seng éischt Friichten entwéckelt.

D’Lescht Joer war d’Situatioun am Ghana besonnesch schlëmm. Do si 16 Prozent vun all de Kakao-Beem mat der Krankheet infizéiert ginn, wouduerch d’Land net sou vill Kakao produzéiere konnt, wéi erwënscht.

Nieft dem Fakt, dass et villäicht geschwënn net méi genuch Schockela gëtt, musse virun allem d’Auswierkungen op déi lokal Bauere berécksiichtegt ginn. Kakao ass nämlech een 100-Milliarden-Dollar-Business. Der World Cocoa Foundation no liewe 50 Millioune Mënsche vum Kakao-Ubau. Eleng op der Elfenbeinküst schaffe 6 Millioune Mënschen an der Kakao-Industrie.