Virun e puer Joer huet ee mueres den analoge Wecker ausgemaach, haut dréckt ee Schlummeren um Smartphone a scrollt um Insta. Dat huet net nëmme Virdeeler.

Dass d'Benotze vum Smartphone kuerz virum Aschlofen, de Schlof ka stéieren, ass jo mëttlerweil kee Geheimnis méi. Wéi wier et da mat der Iddi, den Handy iwwerhaapt net mat an d'Kummer ze huelen?

Wat dat soll bréngen? Ma ganz einfach, wann den Handy net an der Kummer ass, da gëtt een net ofgelenkt an e kann ee sech op säi Léifste konzentréieren. Wann de Smartphone awer um Nuetsdësch läit an e vibréiert oder schellt, dann dauert et eng Millisekonn an eis Opmierksamkeet ass direkt beim Handy: Ween huet mer oder mengem Partner geschriwwen? Wat ass gelikt ginn? Deemno a wéi enger Situatioun dat virkënnt, ass dat schonn e Stëmmungskiller.

Ma et ass allerdéngs vill méi wéi nëmmen dat. Owes zu 2 am Bett leien an um Handy ze hänken ass jo eigentlech net schlëmm, wann dat net ëmmer virkënnt. De Problem ass hei, wat dat méi dacks geschitt, wat sech eventuell ee vun deenen 2 vernoléissegt villt an dat knabbert un der Bezéiung.

Wann de Smartphone bemol méi interessant ass wéi de Partner dann ass et héich Zäit d'Brems ze zéien. Hei ass et wichteg sech ofzeschwätzen a sech Handy-fräi Zonen oder Zäiten ze setzen. Einfach mol fir säi Léifsten do sinn, egal op den Apparat elo eng kéier vibréiert oder kuerz schellt well eng SMS oder eng Whatsapp komm ass. Hei gëtt dacks d'Excuse geholl:,, Ja mee wat ass wann et eppes Wichteges ass?''. Ma dat ass quatsch, well wann et wierklech dréngend ass, da kritt een Uguruff a keng SMS.

Och esou eng genial Erfindung wéi de Smartphone ass a Moossen ze genéissen.

Lauschtert eran