Och fir Musek-Fans huet Netflix genuch ze bidden!

Lauschtert eran!

D'Taylor Swift ass eréischt 30 Joer al an awer schonn eng vun deenen erfollegräichste Kënschtlerinnen aus der Museks-Geschicht. Elo gëtt hatt senge Fans exklusiv Abléck a säi Liewen - den 31. Januar kënnt nämlech en Netflix-Documentaire mam Titel "Miss Americana" iwwert d’Sängerin eraus. Realiséiert gouf de Film vun der Emmy-Gewënnerin Lana Wilson.

Op Netflix fënnt een awer nach ganz vill aner amusant an emotional Musek-Documentairen. Hei e klengen Iwwerbléck:

GAGA: FIVE FOOT TWO
Den Documentaire iwwert d’Lady Gaga weist net nëmmen den Entsteeungs-Prozess vu sengem fënneften Album “Joanne”, mee am Film gëtt och nach däitlech, mat wéi enge gesondheetleche Problemer d’Sängerin an hirem Liewen ze kämpfen huet.

BEYONCÉ: HOMECOMING
D’Netflix-Doku “Homecoming” weist dem Beyoncé seng zwee Optrëtter um Coachella-Festival 2018 an de Wee bis dohin. Och wann d’Inzenéierung heiansdo e bëssen ze perfekt ass lount et sech awer de Film emol unzekucken.

MICHAEL JACKSON: THIS IS IT
“This Is It” begleet de Michael Jackson bei de Prouwe fir seng lescht Tournée, déi jo leider ni stattfonnt huet. Den Documentaire weist duerch Backstage-Opnamen an anert exklusiivt Filmmaterial eng bis dato éischter onbekannt Säit vum King of Pop.

STEVE AOKI: I'LL SLEEP WHILE I'M DEAD
Och den amerikanesche Museker Steve Aoki huet seng eegen Doku op Netflix. Hei gëtt virun allem dem Aoki seng Relatioun mat sengem Papp gewisen an et gëtt ee gewuer wéi hien trotz 300 Concerten am Joer ni gestresst ass.

Whitney Houston, Keith Richards, Dolly Parton, Frank Sinatra, Nina Simone a Quincy Jones - just e puer weider Nimm vu grousse Kënschtler, déi een och op Netflix an der Rubrik Musek-Documentairë fënnt.