De Fliger verschmotzt d'Loft, den Zuch brauch éiweg, dat eent ass deier, dat anert ëmständlech – Argumenter fir a géint Zuch a Fliger ginn et der vill.

D'Fléie steet de Moment jo ferm an der Kritik, vill Leit soen sech dofir, dass se – och wa se méi laang brauchen – da léiwer den Zuch huelen. Anerer soen sech, dass se zwar op d'Ëmwelt oppassen, fir dofir awer méi deier ze bezuelen, vill méi laang ënnerwee ze sinn an e puer mol mussen ëmzeklammen, gesinn der vill net an. An effektiv, Inlandflich sinn dacks méi bëlleg, méi séier a méi praktesch wéi den Zuch. Ma fir Lëtzebuerg gëllt dat natierlech net, hei ass ee séier iwwer d'Grenzen eraus. Dofir hu mir emol e puer Trajeten duerchgespillt an zwou Destinatiounen als Beispill geholl.

Méi bëlleg, dofir awer och méi lues
Et soll elo keng detailléiert Analys ginn, ma gëllt d'Kritik, dass ee mam Fliger besser a virun allem méi bëlleg an d'Stied vun de Länner ronderëm eis kënnt och fir Lëtzebuerg?

Huele mir emol als Beispill Wien an dat elo fir d'Fuesvakanz. Mam Zuch vun der Stad bis op Wien kënnt een do schonn z.B. soe mir vu méindes op freides dohin an zeréck mat ronn 151 Euro ewech. Dofir ass een awer och 10 bis 12 Stonne pro Trajet ënnerwee. Wëllt een dat mam Fliger maachen, dann ass ee fir dohin an zeréck 216 Euro lass, dofir spuert ee fir déi 65 Euro awer ronn 8 Stonnen un Trajet.

Huele mir awer elo en Datum e bësse méi wäit ewech an net an enger Vakanz, da géif ee fir 157 Euro mam Fliger vum Findel op Wien an erëm zeréck kommen.

Grouss Ënnerscheeder tëscht verschiddenen Datumer
Dee selwechten Datum vum 8. Juni bis den 12. Juni géif als Zuchticket ronn 125 Euro kaschten, also nëmmen 32 Euro manner. Fiert een elo awer de Weekend, also samschdes oder sonndes fort, dann ass den Zuch dacks däitlech manner Deier, ma dat hänkt natierlech och dovun of, wéi wäit een am Viraus bucht.

Hëlt een elo eng aner Stad, z.B. Paräis, dann ass den Zuch mat 98 Euro hin an zeréck och net vill méi bëlleg wéi de Fliger mat 130 Euro hin an zeréck, dat an der Fuesvakanz.

Et geet och ëmgedréint
Et ass elo hei ze vill fir, all d'Destinatiounen, déi hei am Land ugebuede ginn duerchzespillen, ma grad a Stied, déi relativ no sinn, ass den Zuch dacks e gutt Stéck méi bëlleg dofir ass en awer vill méi laang ënnerwee.

Ma et ass duerchaus eng Alternativ fir déi, déi net presséiert sinn. Zwar muss een ëmklammen, ma dofir huet ee kee Sécherheetscheck an et muss een net eng Stonn virdrun do sinn.

Et sief och nach gesot, dass et natierlech och ëmgedréit geet an de Fliger heiansdo méi bëlleg wéi den Zuch ass. An natierlech ginn et fir de Fliger, wéi och fir den Zuch Méiglechkeete fir nach méi bëlleg ewechzekommen.