Egal ob mam Fliger oder Auto, déi praktesch geographesch Lag vu Lëtzebuerg bitt sech un, fir einfach mol ee Weekend fortzegoen.

D'Feierdeeg leie knapps ee Mount hannert eis an awer waarde vill Leit schonn op hir nächst Vakanz. Am groen a kale Januar dreemt een dovun, et sech einfach mol erëm e puer Deeg gutt goen ze loossen. Mat engem Trip iwwer de Weekend ass dat awer och ouni Congé méiglech. Lëtzebuerg läit nämlech zimmlech praktesch relativ an der Mëtt vun Europa.

Eleng mam Auto ass ee spontan a ka vill grouss Stied an der Groussregioun relativ séier erreechen.

Wien zum Beispill op d’Mier wëll, dee muss net onbedéngt a Länner wéi Spuenien oder Italien. Wéi wier et amplaz mat der Belsch? Eng beléift Destinatioun bei de Lëtzebuerger bleift Knokke, respektiv Blankenberg. Shopping, Iessen, Spadséieren, hei kann een sech fir e puer Deeg erhuelen. Beléift ass och d’Haaptstad Bréissel oder Stroossbuerg a Frankräich.

En Trip lount sech dann och an Holland. Fir ze shoppe bidde sech Maastricht oder Antwerpen un. Zu Amsterdam ginn et dann net just déi romantesch Kanäl, ma och de Van Gogh Musée, d’Anne-Frank-Haus an de "Red Light District".

Lëtzebuerger zitt et da reegelméisseg och op Düsseldorf an natierlech op Köln. Shopping, Kölner Doum, Heumarkt oder Phantasialand. A fir vill Leit ass et einfach hir al Studentestad an déi ee gäre mol al Kolleege besiche geet. Genee esou ass et och bei Freiburg. Hei kann ee säi Weekend och mat engem Besuch am Europapark kombinéieren.

Wie gäre spadséieren a gutt iesse geet, deen zitt et dacks an den Elsass. Fir ze wanderen a Schi ze fueren ouni gefillt 10 Stonnen am Auto ze sëtzen ass och de Schwarzwald interessant.

Fir mol eng Kéier richteg ofzeschalten, lount sech e Besuch am Saarland. Zu Losheim, respektiv um Bostalsee ass ee Wellness-Hotel nieft deem aneren.

Wie sech mat Zäiten decidéiert an éischter ufänkt mat plangen, dee kann och op de Fliger zréckgräifen.

Shopping-Frënn kënnen zum Beispill op Mailand an Italien. Den Espresso dohannen, versprach, schmaacht direkt besser op enger Terrass nieft dem Doum.

Och a Spuenien ass ee mat Chance ouni vill Sue relative séier. Hei bidden sech Destinatioune wéi Madrid oder Sevilla un. Eng vun de schéinste Stied ass och Barcelona. Hei gëtt et d’Sagrada Familia, La Rambla a wien wëll Party maachen, Lloret ass knapps eng Stonn ewech.

Ganz beléift ass och London. No enger Stonn Fluch kann ee schonn den éischte Pint an engem Pub drénken, shoppen oder op d’Spuer vun Harry Potter goen. Ma Oppassen, den 31. Januar kënnt de Brexit.

Wien mat Zäite plangt, kann och e bëllegen TGV op Paräis kréien. Louvre, Champs-Élysées oder Eiffeltuerm. E romantesche Weekend als Koppel ass och bei de Lëtzebuerger ganz beléift.

Multi-Kulti gëtt et dann zu Berlin. An der däitscher Haaptstad fannt dir alles vu Kultur a Shopping bis hin zu Party a Lifesytle. An de Fluch dauert mol keng zwou Stonnen.

E bëssi méi laang dauert dann de Fluch op Hamburg. Dëse lount sech awer, ënnert anerem wéinst der Reeperbahn, de Musicals, dem Fëschmaart sonndes Moies a St. Pauli.
An deem Sënn, eng schéi Vakanz...